Mathematic Logo
de
EigenschaftenÜber unsLehrplanCommunityPLCNeuigkeitenFortbildung

P

L

C

P
L
C

Berufflech Léieren Communautéit,

De Programm

'

Firwat?

“PLC fir MathemaTIC” hëlleft Iech op eng effikass Aart a Weis an Équipen (wéi d’ “équipes pédagogiques”) zesummenzeschaffen. Dir léiert esou an der Equipe di elementar an avancéiert Notzung vun der digitaler Léierplattform MathemaTIC kennen.

Wéi?

“PLC fir MathemaTIC” implementéiert eng nei Approche doduerch datt de Programm ausschliisslech online ugebuede gëtt. Dir kënnt Iech, jidder Zäit an no Ärem eegene Rhythmus, mat Äre KollegInnen an Ärer Schoul treffen an als Grupp un de Sessiounen deelhuelen.

Entwécklung?

“PLC fir MathemaTIC” as en innovative Projet a gouf vum LISER an Zesummenaarbecht mat der MathemaTIC Équipe an dem SCRIPT entwéckelt. De Programm bréngt Theme wéi Fuerschung, strategië-Entwécklung an innovativ Praxis zesummen. “PLC fir MathemaTIC” gëtt vum IFEN ugebueden a gouf mat der Ënnerstëtzung vum Service DPAV vum SCRIPT entwéckelt.

DE PROGRAMM

Fir weider Informatiounen iwwert de “PLC fir MathemaTIC” Programm, kënnt Dir Iech folgend Videoen ukucken:

Iwwer eis

“PLC fir MathemaTIC” ass eenzegaarteg, well e speziell vu Lëtzebuerger Enseignanten a Pädagogen ausgeschafft gouf fir der berufflecher Weiderentwécklung vun den Enseignanten um Terrain entgéintzekommen.

D’Formateuren/tricen

Catalina Lomos

Bio

Carole Frieseisen

Bio

Filipe Lima

Bio

Frauke Kesting

Bio

Collaborators

Michaela Zuniga

Bio

Laura Bertelli

Bio

Undine Seineke

Bio

Dianne Marie Petrov

Bio

Réckbléck Pilot-Projet 2018

Hei e puer Andréck vun den Enseignanten, déi beim Pilot-Projet matgemaach hunn:

“Ech si ganz zefridde mat dëser Formatioun. Mir hunn eis gutt am Grupp ameséiert, ech hunn mech am Detail mat MathemaTIC ausernee gesat, mir hunn selwer gesinn, wéi gutt mir am Grupp funktionéiere a mir hunn eng Iddi fir e Projet fir d'Zukunft. Souvill Erwaardungen hat ech mol guer net un dës Formatioun gestallt.”

Esou funktionéiert de Programm

Wou:

  • Online on EduMoodle
  • Dir musst Iech als Grupp aschreiwen an zesumme schaffen, mat esouvill wéi méiglech KollegInne vun Ärem Cycle oder cycleiwwergräifend

Dauer:

  • 9 Formatiounsstonnen, déi vum IFEN unerkannt ginn
  • 1 Stonn an 30 Minutte Formatioun pro Mount,
  • Datum vun der Sessioun all Mount zesumme mat Äre KollegInnen eraussichen

Zilgrupp:

  • Fir d’Enseignante vum Cycle 3 a vum Cycle 4 ugebueden
  • Fir jiddereen, deen dorunner interesséiert ass, mat MathemaTIC an der Klass ze schaffen

Organisatioun:

  • D’Formateuren/tricen deelen d’Formatiounsmaterial an op Video opgezeechent Dialoger wärend den theoretesche Sessioune mat Iech
  • Dir hutt interaktiv Online-Sessiounen a praktesch Applikatioune mat MathemaTIC mat Äre KollegInnen
  • Dir hutt e permanenten Online-Zougang zum Material an Dir kënnt individuell oder als Grupp online schaffen

Bedéngungen:

Et ass obligatoresch:

  • bäi alle 6 Formatiounssessioune matzemaache
  • déi 6 individuell Aufgaben online eropzelueden
  • Gruppenopträg online azereechen fir d’Formatiousstonne vum IFEN unerkannt ze kréien.

DE PROGRAMM

Fir weider Informatiounen iwwert de “PLC fir MathemaTIC” Programm, kënnt Dir Iech folgend Videoen ukucken:

Session info

Sessioun 1 – Introduktioun

Sech mat Professional Learning Community (PLC) (professionell Léiergemeinschaft) familiariséieren

Sech mat MathemaTIC familiariséieren

Verstoe wéi de Formatiounsprogramm an der eegener Schoul organiséiert an ëmgesat gëtt

Schreift lech an

Wann Dir drun interesséiert sidd, als Grupp an Ärer Schoul matzemaachen, fëllt wann ech gelift dësen Aschreiwungsformular aus. Fir dee gréissten Notzen aus der Formatioun ze zéien, géife mer Iech roden Iech mat sou vill wéi méiglech Enseignanten aus Ärer Schoul zesummen anzeschreiwen (vun Ärem Cycle oder Cycleiwwergräifend).

Esoubal Dir dësen Aschreiwungsformular verschéckt, lancéiert den IFEN d’Aschreiwungsprozedur fir Är Schoul, wou Dir Iech dann individuell aschreiwe musst. Mir schécken Iech eng E-Mail op déi Adress, déi Dir am Formular uginn hutt an erklären Iech, wéini a wéi Dir Zougrëff op d’IFEN-Websäit kritt fir Iech individuell fir dës Formatioun anzeschreiwen.

Nodeems Dir eis dësen Umeldungsformular ofgeschloss hutt, mécht d'IFEN d'Umeldungsprozedur fir Är Schoul op, wou Dir Iech individuell umellen musst. Mir schécken Iech eng E-Mail mat all Informatioun op d'Adress déi am Umeldungsformular steet.

Fir weider Froen oder Bemierkunge kënnt Dir eis gären eng E-Mail op folgend Adresse schreiwen: info@plc.mathematic.lu

Mir freeën eis drop, mat Iech zesummenzeschaffen!

Aschreiwungsformular


Über uns

MathemaTIC ist eine personalisierte Lernplattform für Grundschüler und Sekundarschüler, um mit Spaß Mathematik zu lernen.

Informationen herunterladen

info@mathematic.org

Datenschutz-Bestimmungen

© Vretta Inc. 2023